Intervenant: | Elif San |
Nombre de places: | 10 |
Catégories: | Summerakademie 2023 |
CEPA a.s.b.l.
44 Av. de la Faiencerie - 1510 Luxembourg
Tel: +352 409920
Prochaines sessions | Public | Lieu | Prix | Reserver |
---|---|---|---|---|
|
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch (an all Sproochen, déi Deelhuelender gären abaue géingen),
En Zine ass en selwer gestalt klengt Bichelchen, dat een am Sënn vun der DIY-Kultur (Do it yourself) ouni Editioun selwer gestalt a publizéiert. Dem Zine si keng Grenze gesat an et gi keng Reegelen. En Zine kann eng selwer rausbruechten Zeitung sinn, en E-Zine, en Fanzine oder eben en Poetry & Art Zine.
Typesch fir Zines ass net just den Aspekt vum Self-publishing, vun der relativ gerénger Oplag, mee och virun allem de kënschtlereschen Aspekt. En Zine ass oft eng Zesummestellung vun Texter, Biller, Zeechnungen a Fotoen.
Ganz an dësem Sënn wëlle mer an dësem Workshop, schreiwen, zeechnen, molen, fotograféieren, gestalten, zesummenheften, editéieren an eis Geschicht (op erfonnt, real, an Stecker oder a verschiddene Sproochen) a Form vu Biller an Texter erzielen a schliisslech an engem selwer gemaachene Buch zesumme stellen a verëffentlechen.
Zum Schluss huet sou all Participant säin eegent klengt Bischelchen, säin eegent
Konscht & Poesie Zine gestalt, dat mer 20-50x drécke wäerten an dir un är Famill a Koleege verdeele kennt an sou är éischt Publikatioun eegebemächtegt an d'Welt schécke wäert.