Creative Writing & Spoken Word

Intervenant: Elif San
Nombre de places: 10
Catégories: Summerakademie 2023
Contact & Informations Rapide

CEPA a.s.b.l.

44 Av. de la Faiencerie - 1510 Luxembourg

Tel: +352 409920




Prochaines sessions Public Lieu Prix Reserver


Aucune session programmée pour ce cours

Détail du cours/stage

Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch (an all Sproochen, déi Deelhuelender gären abaue géingen),

Beim Creative Writing oder dem kreative Schreiwe geet et em en kreativen an experimentellen Ëmgang mat Texter a sengem eegene ganz perséinleche literareschen Ausdrock. Seng eege Stemm a Stil duerch allméiglech Experimenter, Formen a Methoden ze entdecken an ze fannen. Dem kreative Schreiwen si keng Grenze gesat an Texter kenne vu Gedichter, Gedankengäng, Tagebuchanträg iwwer Bréiwer, Dialoger, Theaterstécker, bis hin zu Kuerzgeschichten a Romaner reechen.

Spoken Word ass en Sammelbegrëff fir all Form vu poetescher Performance vu selwer geschriwwenen oder improviséierten Texter. Bei Spoken Word geet et dorëms seng Texter duerch déi eege Stëmm lieweg ze maachen, andeems een se op enger Bün rezitéiert a performt a mat engem Publikum live deelt.

Mir wëllen an dësem Workshop souwuel aktiv schreiwen, kreativ Experimenter maachen, all méiglech Formen a Stiler vu schrëftlechen Ausdrock ausprobéiere, fir sou eis eege Stemm ze sichen an ze fannen. Mir wäerten eenzel an zesumme schreiwen, komposéieren an improviséieren. Anerersäits wëlle mer an engem zweete Schrëtt déi Texter net just “dout” um Pabeier stoe loossen, wou see keen oder villäicht just deen een oder dat anert liese wäerten, mee mir wëllen se fort vum Blat an op d’Bün bréngen. Den Texter eng Stemm ginn, an zwar déi eegen. Mir wäerte Performance üben an eis Texter duerch eis Stemm an eise Kierper exploréiere fir esou zum Schluss vun der Summerakademie um Ofschlossfest eng Spoken Word Performance op d'Bün ze bréngen.

Prérequis

  • Et gi keng Virkenntnesser gebraucht.

Matériel requis

  • Een Notizheft extra vir de Kuer, en Bic/Stëft, deen engem gefält an Experimentéierloscht. 
  • Handy an Ophuelgeräter sinn erwënscht, mussen awer net benotzt ginn.

Restez CurIeux