Intervenant: | Elif San |
Nombre de places: | 10 |
Catégories: | Summerakademie 2022 |
CEPA a.s.b.l. 1, rue de l'Aciérie L-1112 Luxemburg
Tel: +352 409920
Prochaines sessions | Public | Lieu | Prix | Reserver |
---|---|---|---|---|
du lundi 18 juillet 2022 au vendredi 29 juillet 2022
Date de la (des) session(s): Le 18/07/2022
14:00 -17:00
|
A partir de 18 ans |
VeWa, Site NeiSchmelz , Route de Thionville , Dudelange |
220 € | Réserver cette session |
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch (an all Sproochen, déi Deelhuelender gären abaue géingen),
E Gedicht performen! An dëser experimenteller Schreifklass geet et dorëms, d'schrëftstelleresch Tätegkeet fort vum Blat an op d'Bün ze bréngen. D'Stëmm gëtt zum Stëft an de Raum gëtt zum Blat. Mat verschiddenste Methoden an Übungen wëlle mer d'Schnëttstellen tëscht Laut an Bedeitung, Sënn an Onsënn oftaaschten a mat Wuert, Toun, Bild, Bedeitung, Sprooch(en) a Kierper experimentéieren. Et wäert eenzel an zesumme geschriwwen, komposéiert an improviséiert ginn. Inspiratioun siche mer eis an eiser Ëmgéigend, eisen Dreem, anere Klassen, verschiddene Medien an Konzepter. Um Enn vun der Klass wäerte mer eng Performance um Summerakademie-Ofschlossfest maachen, wou mer all eis Experimenter, Recherchen an Etuden zu enger Kompositioun op d'Bün bréngen.
Methoden: Stream of consciousness (intuitiivt Schreiwen), Draamtagebuch, divers Performancen, Spriech- an Schreif-Übungen, Méisproochechgkeet, Improvisatioun, theoeretesche Background vu verschiddene Genren an Formen (Héierspiller, Freestyle, Poetry Slam)
Keng Kenntnësser erfuerderlech
Pabeier, Stëfter an Experimentéierloscht.
Handy an Ophuelgeräter sinn erwënscht, mussen awer net benotzt ginn. (Ech bréngen e Laptop mat, fir Recherche a Weise vun Video-Material, an wou mer u Cut-ups schaffe kënnen --> Audioschnëtt, Videoen, digital Collagen asw.)