Intervenant: | Irina Chechulina |
Nombre de places: | 16 |
Catégories: | Summerakademie 2022 |
CEPA a.s.b.l. 1, rue de l'Aciérie L-1112 Luxemburg
Tel: +352 409920
Prochaines sessions | Public | Lieu | Prix | Reserver |
---|---|---|---|---|
du lundi 18 juillet 2022 au vendredi 29 juillet 2022
Date de la (des) session(s): Le 18/07/2022
10:00 -13:00
|
Enfants de 7 à 10 ans |
Carré , 1, rue de l'Aciérie , Luxembourg |
220 € | Réserver cette session |
Sprooch: Lëtzebuergesch
D’Kanner hunn e gëllene Schlëssel fonnt.
Si sichen eng Dier wou en dra passt.
Hannert der richteger Dier läit d’Zirkusland.
Schliesslech ass déi richteg Dier fonnt ginn an d’Kanner entdecken eng Welt voller Geheimnisser an Iwwerraschungen. Diabolo, Jongléieren, Pyramiden, Rola-Bola, Seeldanz, chinesesch Telleren, Clownespill, Blummebengel, Boule, Kopplabunz …
Wolls du dëst net schonn ëmmer eng Kéier selwer ausprobéieren?
Bestëmmt! Da sëtz deng Clownennues op a komm bei eis, léier déi verschidden Techniken a sief fir een Dag en Zirkusartist am Ofschlossspektakel, dee mir zesummen op d’Been setzen.
Keng Kenntnësser erfuerderlech
Matbréngen: Kleeder an deenen ee sech gutt beweege kann, Turnschlappen.