Guerilla film-making

Intervenant: Nora Wagner
Nombre de places: 12
Catégories: Summerakademie 2019
Contact & Informations Rapide

CEPA a.s.b.l.

44 Av. de la Faiencerie - 1510 Luxembourg

Tel: +352 409920




Prochaines sessions Public Lieu Prix Reserver


Aucune session programmée pour ce cours

Détail du cours/stage

Vu 14 Joer un | 15.07.-26.07.19 | 14.00-17.00 Auer 

Sproochen : Lëtzebuergesch, Deutsch, français

Participatioun 195 € | Max. 12 Persounen

Wéi mécht een e Kuerzfilm an zéng Deeg?

Mir fänken u mat enger klenger Aféierung an den Experimentalfilm, mat Beispiller a Methoden, duerno gi mer selwer un d’Wierk.

Vum Zeenario zum Kostüm, iwwert Locationscouting zur Beliichtung, mat einfache Mëttele wäerte mir e Kuerzfilm dréinen, en zesummeschneiden an eis Gedanken iwwert d’Musek maachen, déi zu de Biller gehéiert.

Du wëlls eng Kéier vum Ufank bis zum Schluss all Etappe vun engem Film matgemaach hunn? Oder wollts de schonn ëmmer e Soundtrack zesummestellen, oder fantasievoll Kostümer realiséieren? Alles wäert méiglech sinn, am Ufank stelle mir Teams zesummen a jiddweree kann sech do mat abrénge wou en wëll.

Déi eenzeg Viraussetzung: Upaken kënnen. Et ass net vill Zäit an mir wäerte genuch ze dinn hunn fir den Challenge “ee Kuerzfilm an zwou Wochen” ze meeschteren.

Wann dir e Computer hutt, bréngt e fir den éischte Kurs mat (net indispensabel), ech wäert iech e puer Referenze ginn, déi dir doheem als Inspiratioun kucke kënnt.

Prérequis

Pas de pré-requis nécessaire

Matériel requis

Aucun matériel requis pour ce cours

Restez CurIeux