Jérôme Grethen

De Jérôme Grethen ass 1975 zu Lëtzebuerg gebuer. Trotz engem Studienduerchlaf op de Beaux-Arts bezeechent hie sech resolut als Autodidakt. Nieft Radéierungen a Molerei war fir hien virun allem den Zeechestréch ausdrocksstaark a bësseg genuch, fir sozial, politesch a mënschlech Themen mat Humor an Déift ze spigelen.

Schonn a jonke Joren huet hie reegelméisseg fir Zeitungen, wéi d’Tageblatt, gekrozelt. Haut, no enger méi laanger kreativer Paus a vill Zäit, déi hien ënnerwee an der Welt verbruecht huet, huet hie seng Zeechenstëfter am Joer 2020 nees erëmfonnt. Zënterhier huet hien e puer Ausstellungen organiséiert a ass Member vu Cartooning for Peace an Cartoon Movement.

Zënter dësem Joer wunnt hien nees zu Lëtzebuerg, wou hien och Coursë gëtt an sech op zeechneresch, awer och op aner kënschtleresch Projeten konzentréiert.

Restez CurIeux