Zine: Poetry & Art. Gestallt däin eegent Buch!

Intervenant: Elif San
Nombre de places: 10
Catégories: Summerakademie 2024
Contact & Informations Rapide

CEPA a.s.b.l.

44 Av. de la Faiencerie - 1510 Luxembourg

Tel: +352 409920




Prochaines sessions Public Lieu Prix Reserver
du lundi 15 juillet 2024 au vendredi 26 juillet 2024
Date de la (des) session(s):

Le 15/07/2024 18:00 -21:00
Le 16/07/2024 18:00 -21:00
Le 17/07/2024 18:00 -21:00
Le 18/07/2024 18:00 -21:00
Le 19/07/2024 18:00 -21:00
Le 22/07/2024 18:00 -21:00
Le 23/07/2024 18:00 -21:00
Le 24/07/2024 18:00 -21:00
Le 25/07/2024 18:00 -21:00
Le 26/07/2024 18:00 -21:00

A partir de 14 ans Lycée Aline Mayrisch ,
38, Bd Pierre Dupong ,
Hollerich
235 € Réserver cette session
Détail du cours/stage

Langues: Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch

En Zine ass e klengt Bichelchen, dat een am Sënn vun der DIY-Kultur (Do it yourself) ouni Editioun selwer gestalt a publizéiert. Dem Zine si keng Grenze gesat an et gi keng Reegelen. En Zine kann eng selwer rausbruechten Zeitung zu egal wéi engem Thema sinn, e E-Zine, e Fanzine oder eben e Poetry & Art Zine.

Typesch fir Zines ass net just den Aspekt vum Self-publishing, vun der relativ gerénger Oplag, mee och virun allem de kënschtlereschen Aspekt. En Zine ass oft eng Zesummestellung vun Texter, Biller, Zeechnungen a Fotoen.

Ganz an dësem Sënn wëlle mer an dësem Cours schreiwen, zeechnen, molen, fotograféieren, gestalten, zesummenheften, editéieren an eis Geschicht (op erfonnt, real, a Stecker oder a verschiddene Sproochen) a Form vu Biller an Texter erzielen a schliisslech an engem selwer gemaachene Buch zesumme stellen a verëffentlechen.

Zum Schluss huet sou all Participant säin eegent klengt Bichelchen, säin eegent Konscht & Poesie Zine gestalt, dat mer 20x drécke wäerten an dir un är Famill a Koleege verdeele kennt an sou är éischt Publikatioun eegemächteg an d'Welt schécke wäert.

Prérequis

Keng Virkenntnesser néideg.

Matériel requis

Fir dëse Kuer braucht dir ënnerschiddlech Zorte vu Stëfter a Pabeier, eng Schéier an e Päsch (bréngt einfach mat wat dir doheem fannt). Ech wäert Zeitungen, Zäitschrëften, (Konscht-)Bicher an Texter matbréngen, un deenen dir iech inspiréiere kennt. Dir kennt och gären all Form vu Material matbréngen, dat iech inspiréiert an och aal Zeitungen aus deene mer Collagë maache kennen. Ausserdeem kennt dir gäre scho geschriwwe Gedichter, Geschichten, Zeechnungen a Fotoe matbréngen, fir dat mer se an de Zine inkorporéieren oder eis dorunner inspiréiere kënnen.

Restez CurIeux